All Awunner aus der Gemeng ass wëllkomm bei eis matzeschaffen.
Am Gemengerot sinn mir mat fënnef Member vertrueden: Mam Laurent Zeimet stelle mer zanter November 2011 de Buergermeeschter.
Wei mir schaffen:
D’CSV ass eng basisdemokratesch Partei. Decisiounen ginn am Virfeld diskutéiert. Um lokale Plang ass d’Generalversammlung déi éischt Instanz, hei huet all Member Stëmmrecht.
D’Generalversammlung delegéiert Aufgaben un de Comité an den Sektiounsrot:
De Comité
De Comité vun enger CSV Sektioun setzt sech aus op mannst aus dräi gewielten Member zesummen. Gemengeréit an Deputéiert aus enger Sektioun gehéieren dem Comité d’office un.
De Comité ass d’Exekutivorgan vun enger Sektioun a muss sech un Decisiounen vun der Generalversammlung halen. De Comité wielt aus senger Mëtt e President, e Sekretär, e Caissier a bis zu zwee Vizepresidenten.
De Comité organiséiert a koordinéiert d’Aarbechten an d’Aktivitéiten vun der Sektioun. E representéiert d’CSV an der Gemeng an hält de Kontakt mam CSV-Bezierk a mam Generalsekretariat.
De Sektiounsrot
De Sektiounsrot setzt sech aus 34 gewielten Bezierksdelegéierten an 7 gewielten Nationaldelegéierten zesummen.
D’Bezierksdelegéiert vertrieden d’Sektioun um Kongress vun der CSV am Süden, d’Nationaldelegéiert vertrieden d’Sektioun um Nationalkongress. Zesummen stellen si eis Delegatioun op engem CSV Konvent.
De Sektiounsrot preparéiert d’Sitzungen vum Gemengerot a leet Positiounen vun der CSV zu kommunalpolitesche Froe fest.
Wéi oft kommen Delegéierterot a Comité zesummen? Am Prinzip virun all Gemengerot, ronn 10 Reuniounen am Joer.
Présidentin: Véronique WILDGEN
Vice-Présidentin: Christiane HENNICO-KABER
Vice-Président: Tony FERREIRA
Secrétaire: Tessy EMERINGER
Secrétaire adjoint: Florent VAN OORSCHOT
Trésorier : Jeff GROSS
Membre:
Valentina AVDIU
Guy BLEY
Joëlle FLOENER
Alain GILLET
Jean-Marie JANS
Solmaz JODAIRI SABER
Nadine STEFANUTTI-LAROSCH
Laurent ZEIMET, président honoraire