Eis Prioritéiten

Zesummen wëlle mir eis Gemeng weider no vir brengen.

 Eis Prioritéiten fir 2017-2023 :

  1. Mir realiséiere konsequent dat regionaalt Mobilitéitskonzept fir eis Uertschaften vum Duerchgangsverkéier ze entlaaschten.
  2. Mir ginn den neie Bebauungsplang an d’Prozedur an erméiglechen neie Wunnraum fir all Generatiounen.
  3. Mir finaliséieren de Projet Centre Culturel zu Hunchereng a ginn dem Kulturliewen nei Impulser fir d’Kulturjoer 2022.
  4. Mir realiséieren d’Parkanlage Krakelshaff a Klenschenhaff an déi 2. Phase vun der Sonnepromenade.
  5. Mir bauen eng nei Maison Relais um Site Reebouschoul.
  6. Mir sanéieren d’Beetebuerger Sportshal a schafe neie Raum fir d’Sportsveräiner.
  7. Mir bauen eng nei Regiehal fir déi kommunal Servicer.
  8. Mir bauen eng nei Schoul niewent dem Fleegeheem a sanéieren weider d’Schoul am Duerf.
  9. Mir réaménagéieren d’Peppengerstroos an de Quartier Jacquinot/Biever.
  10. Mir suerge weider fir eng lieweg Cohésion Sociale duerch eng konsequent Ënnerstëtzung vum Benevolat an eng enk Kooperatioun mat de Veräiner.

Mir schaffen un eise Proposen fir déi nächst Joer.

Wat ass Iech wichteg ? Wéi gesi Dir Zukunft vun eiser Gemeng ?

Är Meenung interesséiert eis. Maacht mat bei eiser Ëmfro a maacht Är Proposen fir eis Gemeng :

maachmat.csv.lu