De Buergermeeschter

D’CSV ass mam Laurent Zeimet als Buergermeeschter am Schäfferot vertrueden.

De Laurent ass zanter Abrëll 2004 Member vum Gemengerot.

No séngen Droitsstudien an engem kuerzen Stage als Affekot ass de Laurent am November 2004 an déi politesch Redaktioun vum Luxemburger Wort  gewiesselt. Éischt politesch Erfarung huet hien an der d’CSJ, der Jugendorganisatioun vun der CSV gesammelt. Hei huet hien zesummen mat Kollegen eng Schüler a Studentenorganisatioun an d’Liewen geruff a war vun 2002 bis 2004 President vum Nationalkomitee. 1999 an 2004 war de Laurent Jugendkandidat vun der CSV am Süden bei de Chamberwahlen. 2012 gouf hien Generalsekretär an huet d’CSV als Vollékspartei vun der Mëtt moderniséiert. Als Deputéierten vun 2014 bis 2018 huet hien ë.a. d’Reform vun de Rettungsdéngschter an dat neit Naturschutzgesetz begleed.

Zanter 2008 ass de Laurent mam Diane Stefanutti bestued, d’Koppel huet zwee Kanner a wunnt an der Pasteurstrooss zu Beetebuerg.

Fir den Laurent Zeimet direkt ze kontaktéieren: zeimet@pt.lu oder Telefon: 26 52 25 92

Dir fannt de Laurent och iwwer Facebook.