Generalversammlung 2018: 100% engagéiert fir eis Gemeng

Méindeg, 5. Mäerz 2018: D’Member vun der CSV Gemeng Beetebuerg hunn sech am Jugendhaus versammelt fir d’Generalversammlung 2018. De Bilan vum leschte Joer gëtt gezunn. De Sekretär Alain Gillet erënnert un d’Aktivitéiten vun der Sektioun an de leschten 12 Méint. Am Mëttelpunkt stoungen natierlech d’Gemengewahlen vum 8. Oktober 2017. Den Tresorier Jeff Gross kann trotz Wahlcampagne e positive finanzielle Bilan virweisen.
Mat 30,1 Prozent vun de Stëmmen konnt d’CSV den 8. Oktober hiert d’Resultat stabiliséieren a mat engem Zougewënn vun 1 Sëtz stelle mer 5 chrëschtlech-sozial Conseillers am Gemengerot. No de Koalitiounsgespréicher mat Déi Gréng an DP konnt e neie Schäfferot mam Buergermeeschter Laurent Zeimet a mat der neier Schäffin Christine Doerner forméiert ginn.
“Mir bréngen eis Gemeng weider no vir. Mir realiséieren déi Projeten déi mer eise Matbierger proposéiert hunn”, sou de Laurent Zeimet. Am Mee gëtt de neien Bebauungsplang lancéiert, deen définéiert wou a wéi an d’Zukunft an der Gemeng kann gebaut ginn, wat muss geschützt ginn, wou ekonomesch Aktivitéiten kënnen entstoen.
De Buergermeeschter huet e besonneschen Akzent op den Ausbau vun de Schoul- a Kannerbetreiungsstrukturen geluecht. De Bau vun der neier Maison Relais Reebousschoul fänkt am Fréijoer un. Fir d’Bauphase z’iwwerbrécken gëtt eng provisoresch Struktur an der Rue Mertens gebaut, déi et erméiglecht vum Hierscht un 200 Kanner ze betreien. Dës provisoresch Struktur gouf méiglech well d’Gemeng am Dezember konnt den Terrain kafen. Iwwerhaapt huet de Buergermeeschter drun erënnert dat an der leschter Mandatsperiod vill Zäit investéiert ginn ass, fir Terrain fir d’Gemeng ze kafen an ze tauschen fir dat elo neideg Infrastrukturen kënne gebaut a weiderentwéckelt ginn.
D’Schäffin Christine Doerner huet de Projet Mediatioun erklärt, deen an der Gemeng soll proposéiert ginn. D’Conseillers Jeff Gross, Jean Marie Jans an Alain Gillet hunn un d’Realisatiounen an de Beräicher Mobilitéit, Sport a Kultur erënnert.
“Esch 2022 ass eng Chance fir eis Regioun”, sou de neien Escher Buergermeeschter Georges Mischo, deen sech iwwer d’Bereetschaft vun der Beetebuerger Gemeng gefreet huet beim Défi vun der Europäescher Kulturhaaptstad am Joer 2022 dobäi ze sinn.
D’Generalversammlung huet déi 7 National- a 34 Bezierksdelegéiert fir d’CSV-Kongresser designéiert an de Comité nei bestëmmt.
E Merci un d’Equipe vun 2017!