Mir hunn eis fir eng Verschéinerung vun Hunchereng an eng Verbesserung vun der Liewensqualitéit agesat.
De Kär vun Hunchereng gëtt mat 4 Projeten revaloriséiert :
Wunnraum am Haff Bredimus: D’Gemeng huet dem Fonds de Logement den Haff Bredimus zur Verfügung gestallt. Hei ginn 14 Wunnengen realiséiert, déi zu engem abordable Präis verlount ginn. D’Realisatioun vun dësem Projet huet ugefang.
E neie Centre Culturel: Dat fréiert Haus vum Paschtouer gëtt an e neien Centre Culturel integréiert.
De neie Centre ass no de Besoinen vun eise kulturelle Veräiner geplangt ginn. Hei entstinn nei Prouf- a Reuniounssäll.
E neie Sall och fir Manifestatiounen, Concerten an Theater. Dëse Projet geet am Februar 2016 lass.
Neien Aménagement vun der Plaz an der Rue de l’Ecole: D’Strooss an d’Plaz ginn ënnert an iwwert dem Buedem erneiert verkéiersberouegt. Aus dem Quartier gëtt eng Spillstrooss. D’Plaz gëtt esou amenagéiert, datt Duerffester ouni gréisseren Opwand kennen organiséiert ginn.
Hunchereng kritt e Parking: Endlech kritt de Kär vun Hunchereng och en organiséierte Parking mat 70 Stellplazen.
Hei fann Der weider Informatiounen zu dëse Projeten
Le centre de Huncherange sera revalorisé :
- 14 logements à coûts modérés seront réalisés dans l’ancienne ferme Bredimus
- le presbytère sera intégré dans un nouveau centre culturel adapté aux besoins des associations culturelles de la commune
- la rue et la place seront réaménagées en zone de rencontre
- enfin la localité aura un parking avec 70 places de stationnements
