De 4. November 2014 ass eise Buergermeeschter Laurent Zeimet als neien CSV-Députéierten um Krautmaart vereedegt ginn. De Laurent iwwerhëllt als Nächstgewielten de Sëtz, deen duerch dem Jean-Claude Juncker säin Départ fräi ginn ass. A senger éischter Ried huet de Laurent sech virgestallt an un eng Kultur vun der Solidaritéit appelleiert. “Wann jidder Eenzelnen zielt, kann och jidder Eenzelnen e Stéck vun der Verännerung sinn, déi mir an der Welt wëlle gesinn”.