Mir invitéieren op eis Generalversammlung, e Méindeg, 17. Mäerz 2014 ëm 19 Auer
am Jugendhaus zu Beetebuerg.
Eis Fraktioun am Gemengerot zitt de Bilan vum Joer, eise Buergermeeschter stellt d’Chantiers vun de kommende Méint vir. Mam Deputéierten a Bezierkspresident Félix Eischen kucke mir zesumme no vir.
De Comité vun der CSV Gemeng Beetebuerg invitéiert Iech op d’
GENERALVERSAMMLUNG
e Méindeg, 17. Mäerz 2014
ëm 19 Auer am Jugendhaus zu Beetebuerg
(37, route d’Esch, vis-à-vis vun der Kierch)
ORDRE DU JOUR
- Begréissung & Gedenkminutt
- Aktivitéitsrapport 2012 vum Sekretär Alain GILLET
- Finanzrapport vum Tresorier Alain LILTZ
- Avis vun den Keessereviseuren
- Diskussioun an Entlaaschtung
- Rapport & Bilan vun der CSV-Fraktioun
- Ausbléck mam Buergermeeschter Laurent ZEIMET
- Éierung vun verdéngschtvolle Member
- E Wuert vum Bezierk
- ZESUMME NO VIR KUCKEN!
Diskussioun mam CSV-Bezierkspresident Félix EISCHEN
