Budget 2013: Um gudde Wee!

IMG_3201

De 7. Dezember huet de Buergermeeschter Laurent Zeimet de Budget fir 2013 am Gemengerot presentéiert an erkläert. Hei fann der de Resumé vu sengen Erklärungen. Vun den 87 Punkten aus der Schäfferotserklärung si schonns 26 Punkten realiséiert! “Dës Koalitioun fonktionnéiert, se schafft an si deet dëser Gemeng gutt”, sou de Laurent Zeimet iwwer d’Bilanz vun engem Joer CSV/Gréng/DP-Koalitioun.

Hei dem Buergermeeschter seng Erklärung als PDF

 

Den zweeten Budget vun der Koalitioun ass e weidere Bausteng fir eisen gemeinsamen Programm ze realiseieren.

Fir 2012 en Iwwergangsbudget mat neien Akzenter :

  • Afeierung vun Tempo 30IMG_2964
  • Astellung vun engem Agent Municipal
  • Afeierung vun engem Flexibus : 1058 Trajets am Oktober 2012
  • Nei logistesch Ënnerstëtzung fir eis Veräiner : Grillmobil, Parasols, e Manifestatiounspanneau bei der Sportshal
  • E Generatiounen-Fitness am Jacquinotspark
  • En Ausbau vun de Vakanzaktivitéiten am Summer

Eis Schäfferotserklärung zielt 87 Punkten. Verschiddener dovun zéien sech iwwert e puer Joer oder ginn eng Methode vir. Anerer sinn ganz konkret.

Ech kann no engem Joer feststellen, dat 26 vun 87 Punkten realiséiert sinn. Weider iwwer 20 Punkten sinn schonns «en cours de route».

No engem éischten Joer e Bilan, deen sech weise léist. Wa mer an deem Rhytmus weiderschaffen misste mer eis Zieler erreechen.

Dës Koalitioun fonktionnéiert, se schafft an si deet dëser Gemeng gutt.

Mir wollten mat eisem éischten Budget eng méi realistesch Aschätzung vun den extraordinären Ausgaben hikréien. Wat ass an engem Joer finanzéierbar ? Wat ass an engem Joer machbar ?

Mir haten 10,2 Milliounen Euro am Budget extraordinaire agesat.

Am Rectifié leien mer lo bei 7,8 Milliounen Euro.

77 Prozent vun deem wat mer eis am Extraordinairen virgeholl haten, schenge mer also och realiseiert ze kréien. Dat ass nach keng Punktlandung, kennt enger realistescher Aschätzung awer schonns ganz no. Op alle Fall méi no wei mer dat an der Vergangenheet gewinnt waren.

Och am Ordinaire gi mer 2012 manner wei geplangt aus.

Hate mer de Boni vun 2011 virun engem Joer virsichteg mat 5,4 Milliounen Euro agesat. Sou huet de Compte vun deem Joer awer mat engem Boni vun 8,7 Euro Milliounen ofgeschloss.

Sou dat mer op Basis vum Rectifié de Budget fir dat neit Joer konnten op engem Sockel vun 7,3 Milliounen Euro opbauen.

Eng Erausfuerderung

Déi éischt Erausfuederung bei der Opstellung vum neien Budget war de neie Plan Comptable deen huet missten ëmgesat ginn.

Eng nei Nomenklatur, e neien Agencement, nei Artiklen. Eng Detailaarbecht, dei Zäit an Energie, Diskussiounen a Versteesdemech gebraucht huet.

Eng Emstellung dei net einfach war an déi wuel eng Zait brauch bis se arodeiert ass.

Ech wollt op dëser Plaz eisen Beamten Merci soen, déi d’Emsetzung vum Plan comptable, begleed, prepareiert a verfeinert hunn.

Mir mussen als direkt Konsequenz dëst Joer mat zwee Dokumenter eens ginn. Den direkten Verglach tëschend dem Rectifié an dem Initial léist sech sou einfach net méi maachen.

Ekononmesch a sozial schwéier Viraussetzungen

De Statec geet vun engem Wuesstum vun 1 Prozent aus. D’Eurozone schwächelt. De Chomage geet an d’Luucht.

Och als kleng Gemeng muss een do versichen

–                Weider z’investeieren fir d’Economie ze stäerken

–                Sozial opfänken

–                Den eegene Budget am Grëff ze behalen.

Mir wëllen investéieren

Mir investéieren a mir wëllen weider investéieren. Awer mir sinn net méi an enger Zäit, wou alles wat Wënschenswäert ass, kann realiséiert ginn. Mir hunn Prioritéiten gesat an eiser Schäfferotserklärung  an déi erkennt een och an dësem Budget erëm

IMG_53601. Prioritéit fir eis Kanner

De Bau an d’Saneierung vun der Reebouschoul geet am neie Joer virun. 1.650 000 Euro sinn dofir virgesinn.

Mir mussen de Besoins fir weider Betreiungsstrukturen fir eis Kanner nokommen. Mir mussen kuerzfristeg handelen a langfristeg plangen.

Mir wëllen dofir d’Portiersappartement an der Sportshal ëmbauen, fir weider Plaz fir Kannerbetreiung ze schafen. Och mussen eis Strukturen den Kommodo-Ufuerderungen gerecht ginn. E Projet deen mir mat 550.000 Euro ageplangt hunn.

Eng nei Offer vu Kannerbetreiung wëlle mir am nächste Joer op de Wee brengen. Mir schaffen um Plang vun enger Bësch-Crèche déi awer méi soll sinn, wei den Numm et seet.

Mir wëllen zesummen mat der Association des Parents d’Enfants Mentalement Handicapés(Apemh) an dem Staat eng inklusiv Struktur fir 50 Kanner oprichten.

Dir wësst dat d’Apemh och den Parc Merveilleux gereiert an dofir soll dësen Bau och no beim grousse Park op engem Terrain vun der Gemeng iwwer dem Footballsterrain enstoen. Mir wëllen dëse Projet mat 300.000 Euro dëst Joer sou wäit virundreiwen, dat mer Iech e kennen am Laf vum neie Joer virleen. D’Gemeng géif bauen, d’Apemh géif d’Struktur spéider geréieren. De Staat finanziell partizipéieren. Den Detail vun dëser Tripartite ass an enger Conventioun festzehalen.

Dëst sollen éischt Schrëtt sinn, fir d’Kannerbetreiung an der Gemeng weider auszebauen an ze verbesseren.

Am neie Joer kann och elo iwwer de Chancegläichheetsservice de Programme Bébé Plus starten an déi annoncéiert Familjekonferenz gett organiséiert.

Och fann der e Kredit vun 109.000 Euro fi reis Spillplazen weider ze verbesseren fir dat mer dem Label «Sécher Spillplazen» gerecht ginn.

2. Eng besser Mobilitéit

Och fir d’Verbesserung vun der Mobilitéit gesäit dëse Budget neideg Krediter vir.

Dir wësst dat en Aarbechtsgrupp vun P&C an de Gemengen Beetebuerg an Diddeleng un engem Mobilitéitskonzept schafft an éischt Conclusiounen sollen am Mäerz gezunn ginn.

Eis ass et wichteg op e Reaménagement vun den Entrée’en an d’Gemeng Beetebuerg hinzewierken.

De Glasfaser-Projet vun der Poste zitt sech och duerch dat neit Joer.

Mir gesinn Mëttel vir, fir eis eegen Reseau’en au Besoin z’erneieren.

Mir schaffen un enger Prioritéite-Lescht wei eng Stroossen mussen oder sollten erneiert ginn.

Fir d’Realiseierung vun de PAP Klenschenhaff, Näerzenger Gare an Obeler bereede mer IMG_4401eis op dei Stroossenerneierungsaarbechten vir, déi op d’Gemeng zoukommen.

Fir d’Garer-Stroos zu Beetebuerg gesi mer Krediter vir, fir eng Verscheinerung. Fir Peppenger-Stroos gesi mer Krediter vir, fir och déi zweet Halschent endlech ze verbesseren.

Iwwer 1,5 Milliounen Euro stinn esou am Budget fir Erneierung, Verbesserung an Verscheinerung vun eisen Stroossen a Weer.

Mir wëllen fir de Februar de Bilan vum Flexibus zeien, mir ginn dovun aus, dat déi Offer awer bestoe bleift.

Mir wëllen am neie Joer eng weider Offer – virun allem fir déi Jonk ubidden – an e Late-Night-Bus afeieren, deen déi Jonk de Weekend sécher aus der Stad Heem brengt. Och hei muss sech an enger Testphase weisen, wei déi Offer genotzt gëtt.

Mir haten eis am leschte Budget d’Mëttel ginn fir e Parkraum-Management-Konzept z’erstellen. Déi Aarbecht ass gemat. Conclusiounen mussen och hei am Gemengerot diskutéiert ginn. Fir éischt Mesuren sinn Krediter virgesinn.

Och wëlle mer dem Respekt vun Tempo 30 duerch baulech Mesuren nohëllefen, do wou et muss sinn.

3. Zukunft plangen

Eis Uertschaften mussen nohalteg wuessen.
Eis Uertschaften mussen nohalteg wuessen.

Mir sinn elo eng Gemeng mat iwwer 10.000 Awunner. 10.064 fir genau ze sinn. Mir sinn eng Gemeng déi wisst. Demographesch awer och ekonomesch. Nei Leit kommen bei. Mir zielen 73 verschidden Nationaliteiten. D’Leit bauen. No un 300 Baugenehmegungen sinn dëst Joer erausgangen. Betrieber wëllen bei eis kommen oder sech vergréisseren. Wéi eis Gemeng sech soll entwecklen kann nëmmen an engem neien Bebauungsplang festgehale ginn.

Wéi annoncéiert huet dëse Schäfferot fléisseg an eifreg un engem neien PAG geschafft. Mir wëllen e moderate Wuesstum an de nächste Joer. Mir wëllen eng Gemeng vu kuerze Weer.

Mir wëllen fir déi zweet Halschent 2013 prett sinn, fir mam PAG an d’Prozedur ze goen. Mir wëllen dëst am Dialog mat Iech an awer och mat de Bierger maachen

4. Mir investeieren an d’Nohaltegkeet

1,6 Milliounen sinn am Extraordinairen fir d’Verbesserung oder d’Erhalen vun eisen natierlechen Ressourcen virgesinn.

840.000 Euro fir d’Optimiseierung vun eisem Ofwaasser-Reseau.

120.000 Euro fir d’Saneierung vun der freierer Mülldeponie Mosselter – lescht Analysen dëse Wanter.

53.000 Euro fir d’Preparatioun vun enger Renatureierung vun der Uelzecht tëschend der Escher an der Letzebuerger Stroos.

Mir bedeelegen eis wei der wësst um Reaménagement vum Leiweställchen als Bëschwee.

IMG_0554Mir relanceieren de Projet Parc Krakelshaff a schaffen weider un der Sonnepromenade.

1,2 Milliounen sinn am extraordinairen Budget fir d’Verbesserung vun eiser Waasserversuergung.

Mir mussen am neie Joer d’Aarbechten un engem neie Müllreglement ophuelen. En eischten Schrett dozou ass emol z’erfassen, weivill Dreckskeschten am Emlaf sinn, a se mat engem Chip ze versinn.

A wei gesot, si mer bereet mam Staat e Pacte Climat anzegoen.

D’Zesummeliewen stäerken

Mir hëllefen deenen déi Hëllef brauchen fir nees op d’Been ze kommen:

–       Fonds pour l’emploi: 182.000 Euro

–       Participatioun Office sociale:  170.000 Euro

–       Allocation sociale: 170.000 Euro

–       CIGL: 320.000 Euro

–       Sinistrés: 15.000 Euro

–       Cent Buttek: 9.600 Euro

–       Coopératioun: 200.000 Euro

Gutt iwwer 1 Millioun Euro sinn esou am Ordinaire Budget fir sozial Hëllef virgesinn.

Direkt Hëllef ass awer net alles. Mir mussen hëllefen Menschen zesumme ze brengen. Dobäi zielen mir op d’Veräiner.

Si kreien weider logistesch Ennerstetzung (Spullweenchen, Grillmobil, Publiciteit)

Mir schaffen un engem neie Subsidienreglement.

Niewend der Fête de l’Amitié an der Nuits des Merveilles setzen mer am neie Joer op eng nei Initiativ de LiteraTOUR-Weekend vum 12. bis den 14. Abrëll. (20.000 Euro)

IMG_0855Fir och weider Räimlechkeeten fir dat sozialt Liewen ze schaffen, plange mer eng Sanéierung vum Centre Culturel zu Hunchereng a wellen d’Parhaus an dësen Komplex abezeien.

Domat ass och d’Aentwert ginn op d’Fro op envisageiert ass am Haff Bredimus e neien Centre culturel anzeriichten. Mir mengen no Iwwerleeung, Diskussioun a Visiten: Nee.

De Besoin ass net grouss genuch, de finanziellen Opwand ze grouss. Och waer et an dësen Zaiten kaum ze vermëttelen e Centre culturel niewend engem Centre culturel opzeriichten, sou schéin dat och wäer.

D’Fro wat mam Haff Bredimus soll gescheien stellt sech also nei. Mir denken a Richtung finanzeierbare Wunnraum. Dëst sollt Deel vun engem Konzept sinn fir de Kaer vun Hunchereng ze revaloriseieren.

Alles dat mecht de Schäffen- a Gemengerot net alleng.

Mir sinn op d’Equipe vun der Gemeng ugewisen. Mir hunn e neien Organigramme ausgeschafft, dei nei Posten integreiert an de d’Kompetenzverdeelung am Schäfferot mat den Servicer ofgestëmmt.

Personalkäschten maachen elo eng 43 Prozent vun eisem ordinaire Budget aus.

Am Budget hu mir keng nei Posten an der Administratioun virgesinn.

Ze besetzen bleiwen e Redakter fir de Service écologique an en Ingénieur Génie civil fir de Service technique.

Mir hunn eis e gewëssenen Sput ginn fir bei eisen Aarbechter eng Verstäerkung maachen ze kennen.

header-bettembourg2.jpgMir wëllen d’Aarbechtskonditiounen vun eiser Régie verbesseren. De Projet vun enger neier Régiehal ass net nei. Mir sinn der Meenung dat mer net weider Zäit solle verléieren. Mir maachen dofir de Wee gäre fräi fir en Neibau vun der Regiehall um Oblerbierg kennen an ofsehbarer Zait ze maachen. Eischt Schrëtt an dës Richtung sinn ënnerhol. Mir fänken elo gär mat plangen op dëser Plaz un. Mir mengen och dat dësen Site sech besser eegent fir eis Regiebetrieber wei Diddelengerstroos.

Se geheieren net all zu eisem Personal an dach leeschten se all eng enorm Aarbecht am Interessi vun eiser Gemeng. Déi Benevol a Professionnell vun eisen Rettungsdéngschter. Den Zenter feiert 50 Joer, d’Jugendpompjeen 40 Joer, d’Pompjeen 112 Joer. Mir waerten nach Geleenheet hunn op hieren Asaz anzegoen. Ronn 640.000 Euro vum ordinären Budget investeiere mer an d’Sécherheet vun eisen Bierger an an déi éischt Hëllef fir eis Awunner.

Et leit eng Bedarfsplanung vir, déi mer hei emol sollten diskutéieren.

De GWL 2 huet et och nach emol an dëse Budget gepackt. Mir zielen do op eng méi héich Participatioun vum Staat.

Am Resumé komme mer esou op e Budget initial deen mat Recetten vun 33,2 Milliounen Euro am Ordinairen an Dépensen vu ronn 32 Milliounen Euro en Iwwerschoss vu knapp 1 Millioun Euro opweist.

Eis Recettes ordinaires klammen em 1 Prozent.

Eis Dépenses ordinaires klammen och ëm 1 Prozent.

Ech soen alle Servicer Merci, déi en Effort gemaach hunn. An d’Virgab vun enger responsabler Budgetsopstellung agehall hunn.

Mir gesinn am extraodinaire Gesamtausgaben vu ronn 10 Milliounen vir.

Dëse Budget gesait keng Erheijung vun Taxen vir.

Dëse Budget mecht keng nei Schold.

Mir leien wat Zreckbezuelen vun eiser Schold vun 14,7 Milliounen (Enn 2013) ubelangt bei 6 Prozent vun den Recettes ordinaires. Also wait ënner dem Seuil critique vun 20 Prozent.

Eisen Fonds de Réserve hu mer welles iwwer de Budget 2012 wei geplangt mat 500.000 Euro opzestocken, sou dat deen sech op ronn 4 Milliounen dierft belafen.

Eis Haaptrecetten sinn stabil.

Dotatioun                                 14,9 Mio. Euro

Gewerbesteier                         9 Mio. Euro

Grondsteier                              490.000 Euro

Décharge                                   350.000 Euro

Et muss een bedenken, dat eis Recyma-Recette wuel oder iwwel 2013 verdrechent. Mir schätzen déi dofir elo well méi niddreg an.

Iwwer nei Recetten kann een sech Gedanken maachen, mir mussen awer och hei en Equilibre fannen an d’Leit net iwwer Moossen belaaschten. Mir mengen dat och nach Spuerpotenzial an eisem Budget ze fannen ass.

Fir eng besser Koordinatioun an e bessere Suivi vun der Executioun z’assureieren welle mer hei am Haus en Arbechtsgrupp zesummestellen, deen d’Executioun vum Budget am A behällt a Verbesserungsvirschléi ka maachen.

Och sollt et seng Aufgab sinn, déi pluriannuel Plannung virzebereeden, déi hei dachs gefuerdert gouf an déi ab dem Budgetsjoer 2014 virgeschriwwen ass.

Esou e Grupp kéint och op der Säit vun der Administratioun deen Spiller sinn, deen de Ball vun der Finanzkommissioun kann opfänken. D’Kommissioun mecht sech vill Aarbecht a liwwert Iddien. Hieren Avis iwwer Biergerbudget an Genderbudget ass net op Daf Oueren am Schäfferot gestouss.

Wann een realistesch ass, musse een gesinn dat dës Gemeng fir méi gréisser Projet’en net genuch finanziellt Polster huet. Eng weider Verscheldung ass an de nächste Joeren also net auszeschléissen. An eisen Aan kann dat nëmme fir Projet’en sinn, déi och deene kommenden Generatiounen ze gutt kommen.

Mir wëllen dës Gemeng sécher a fair duerch dës Joeren feieren.

Mir sinn um gudde Wee.