Mir schaffen drun …

Virun engem Joer hunn mir eis Prioritéiten virgestallt. Wat ass bis elo op de Wee bruecht ginn?

1. ENG BIERGERNO GEMENG

Mir wëllen eng absolut Demokratie amplaz vun enger absoluter Majoritéit.

• De Schäfferot gëtt vun enger breeder Koalitioun ënnerstëtzt. D’Majoritéit gëtt vun 4 Fraen an dräi Männer gedroen.

• D’Kommissiounen ginn mat Zäit an den Décisiounsprozess agebonnen. D’Oppositioun ass an den interkommunalen Syndikater vertrueden. All Conseiller gouf d’Virbereedungsaarbecht erliichtert.

• De Schäfferot setzt op Informatioun an Diskussioun mat alle Bierger. Eischt Réuniounen iwwert d’Schäfferotserklärung an d’Ënnerstëtzung fir d’Veräiner haten e flotte Succès.

2. ENG KANNERFRËNDLECH GEMENG

Mir wëllen modern Schoulen an eng flexibel Kannerbetreiung an eisen Uertschaften:

• Den Ausbau vun der gouf Reebouschoul virugefouert. De Schäfferot sicht awer no weideren Méiglechkeeten fir d’Konzentratioun op dësem Site ze entschäerfen.

• De Schäfferot plangt eng Bësch-Crèche.

• Maison Relais a Veräiner goufen zu enger Kooperatioun invitéiert.

3. ENG SÉCHER GEMENG

Méi Sécherheet duerch manner Verkéier:

• Tempo 30 soll fir d’Rentrée am Hierscht an alle Wunnquartieren agefouert ginn.

• En Agent communal wäert fir de Respekt vun de kommunalen Reglementer suergen.

• E weideren Ausbau vun den Aktivitéitszonen ass op Äis geluecht.

4. ENG FAIR GEMENG

Jonk Famillen sollen nees eng Zukunft an eiser Gemeng hunn:

• déi onsozial Bautaxe vu 6000 Euro gouf mam éischte Budget ofgeschaf.

• d’Logements-Primen goufen iwwerschafft.

• iwwer 300.000 Euro stinn fir sozial Hëllef a fir Kooperatiounsprojeten zur Verfügung.

5. ENG LIEWEG GEMENG

Mir setzen op d’Veräiner fir Zesummeliewen an eiser Gemeng nei ze beliewen:

• eng mobil Infrastruktur (Spullweenchen, Grillmobil etc.) soll de Veräiner gratis zur Verfügung stoen.

• d’Veräiner kennen hir Aktivitéiten am Gemengebuet an op neien, digitalen Publicitéitspanneauxen presentéieren.

• nei Synergien tëschend Gemeng a Veräiner: Zum Beispill um Virowend vu Nationalfeierdag an op der Braderie.

6. ENG NOHALTEG GEMENG

Mir wëllen eng transparent Ausschaffung vun engem neie Bebauungsplang. Mir sinn fir e moderate Wuesstem vun eisen Uertschaften:

• D’Ausschaffung vun engem neie Bebauungsplang ass relancéiert a soll bis 2014 ofgeschloss ginn.

• D’Koalitioun ass konsequent an hirer Haltung zum Projet Obeler a géint eng forcéiert Entwécklung vun Hunchereng.

• De Projet Klenschenhaff krutt a reduzéierter Form eng zweet Chance.