Eng fräi Tribune vum neien CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet op RTL:
D’CSV geet weider hire Wee. De Nationalkongress huet leschte Samschden eng nei Equipe ëm de President Michel Wolter gewielt. De Kongress huet och däitlech gemat: D’CSV hëlt den Optrag weider eescht, deen de Jean-Claude Juncker a seng Equipe 2009 vum Wieler kruten.
Wat virun de Wahlen gesot gouf, gëllt weiderhin.
D’CSV huet ni versprach, dat de „séchere Wee“ e bequeme Wee wier. E Wee op deem alles géif beim Ale bleiwen a näischt sech dierft änneren.
De séchere Wee vun der CSV besteet an der Garantie, dat Decisiounen am Interêt vum Land geholl ginn a net am Interêt vun eenzelne Gruppen.
D’Politik vun der CSV ass net ofhängeg vun der Stëmmung vum Dag. Eis Politik baséiert op Wäerter a Prinzipien.
Mir gleewen drun, dat jidder Eenzelnen zielt. Egal ob Fra oder Mann, Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger, Reliéis oder Net-Reliéis, Hetero oder schwul.
Mir gleewen net un e Staat deen alles kann oder e Maart an d’Kapital, déi alles vun alleng regelen.
Mir gleewen un den eenzelne Mënsch, deen sech engagéiert a Verantwortung iwwerhëlt.
Mir gleewen un d’Famill a mir gleewen weider un déi europäesch Iddi.
Mir setzen eis an fir Gerechtegkeet. An d’Gerechtegkeetsfro stellt sech weider a si stellt sech ëmmer nees nei. Ginn d’Laaschten vun der Krise gerecht verdeelt? Hei am Land? An Europa? Ass d’Welt an de leschte Joere méi gerecht ginn?
Mir maachen eng Politik fir Generatiounen a net fir Egoisten. Eng nohalteg Politik fänkt bei de Finanzen un. Mir kënnen net op Dauer méi ausginn, wéi mer verdéngen.
Sou wëlle mir eis Politik maachen. Eng Politik vun der sozialer Mëtt.
An enger Vollekspartei wei der CSV stinn Dieren grouss op – fir jiddereen – deen sech wëll engagéieren. Fir jiddereen, deen sech an dëse Wäerter a Prinzipien erëm erkennt.
An enger Vollekspartei gëtt diskutéiert an heiansdo rabbelt ët an der Këscht. De Charme vun enger Vollekspartei ass, datt Leit aus allen Deeler vum Land, vun all Alter – mat ganz verschiddenen Biographien mateneen no Léisungen sichen.
Eng Demokratie lieft net vum selwen. En anonymen Commentaire op RTL ass nach keen Zeechen vun Zivilcourage.
Seng Meenung soen, eegen Iddien mat aneren diskutéieren…kritesch awer konstruktiv an enger Partei matschaffen, dat ass en Zeeche vun Zivilcourage. Engagement bréngt eis Demokratie weider. Jidder eenzelnen zielt. Dir och.