De Laurent Zeimet huet dëse Freideg am Numm vum neien CSV/déi Gréng/DP-Schäfferot de Programm vun der Koalitioun fir déi nächst sechs Joer virgestallt. “Mir sinn iwwerzeegt, dat mer duerch méi Diskussioun méi transparent an demokratesch Entscheedungen kréien.” De 9. Oktober hätt eng Ännerung bruecht: “Nëmme wien sech ännert, kann sech och trei bleiwen”, huet den Laurent Zeimet den däitschen Dichter Wolf Biermann zitéiert. D’Gemeng Beetebuerg géif sech och mat der neier Majoritéit a villem trei bleiwen, dofir misst sech awer munches änneren. Am Gemengerot vum 2. Dezember gë tt d’Erklärung vum Schäfferot diskutéiert.