De neien CSV/Déi Gréng/DP-Schäfferot ass e Méindeg de Moien vereedegt ginn. Mam Laurent Zeimet stellt d’CSV de neie Buergermeeschter. D’Josée Lorsché (Déi Gréng) ass éischt Schäffin, den Gusty Graas (DP) ass zweete Schäffen. Déi nei Equipe stellt Freides, den 25. November am Gemengerot hire Programm fir déi nächst sechs Joer vir.