D’CSV huet als Oppositiounspartei géint de Budget vun der LSAP-Majoritéit gestëmmt. Natierlech ënnerstëtzen mir eenzel Projeten a wäerten datt och bei den eenzelnen Voten maachen. Mee mir deelen awer fundamental Weichestellungen vun dësem Schäfferot net. Virun allem an der Schoulpolitik. Mir sinn iwwerzeegt datt eng nei a modern Schoul an der Uertschaft Beetebuerg néideg ass, fir laangfristeg den Ufuerderungen u Betreiung gerecht ze ginn. Duerch eng nei Schoul mat adequaten Betreiungsstrukturen kéint och den Schülertransport reduzéiert ginn.
Auszich aus eisen Interventiounen fann der op dësem Site ënner der Rubrik Themen: Budget 2010
Eis Iddi vun enger neier Schoul erklären mer ënner der Rubrik Themen: Kannerfrëndlech Gemeng
Mir freeën eis iwwer Reaktiounen a Commentairen!