D’CSV huet haut am Gemengerot eng Rei vu Froen un de Schäfferot gestallt an eng Motion zum Vote gestallt.
Mir waren fir den Ausbau vum Parking bei der Gare, obwuel mer lang Bedenken haten, en Park&Ride matzen an enger Uertschaft z’implantéieren. Firwat mer eis elo esou décidéiert hunn a firwat mer net fir den Integratiounspakt gestëmmt hunn…
Parking bei der Gare
136 weider Parkplazen bei der Gare
Zousätzlech 136 Parkplazen sollen am Laf vum nächsten Joer bei der Gare entstoen. D’CSV war ëmmer skeptesch ob en Park&Ride matzen an enger Uertschaft déi beschte Léisung wier. Mee mir gesinn awer an, datt bei der Gare elo méi Parkraum gebraucht gëtt. D’CSV huet awer och insistéiert, datt de Staat eigentlech kéint dee volle Präis fir de neie Parking iwwerhuelen. Vun ronn 1 Millioun Euro soll d’Gemeng 20 Prozent droen. Dat gesinn mir net an, vu dat dëse Parking praktesch ganz vu Clients vun den CFL wäert genotzt ginn. Souguer wann dëse Parking kéint bei verschidde lokale Manifestatiounen genotzt ginn, dann wär dëst nëmmen eng fair Contrepartie fir de Plus u Verkéier, deen eis Awunner a Kaf huelen.
Integratiounspakt mat der Asti
D’CSV huet sech beim Vote iwwert en Integratiounspakt mat der Asti enthalen, well mir der Meenung sinn, dat een e “Pakt” fir e bessert Zesummeliewen sollt mat de Veräiner an Associatiounen aus eiser Gemeng schléissen. Mir sinn och der Meenung, datt e Mateneen keen Sens Unique ka sinn, mä Efforten vun zwou Säiten erfuerdert. Mat Scholdzouweisung un d’Lëtzebuerger wei se vun der LSAP-Bänk ugeklongen ass, konnten mir net averstan sinn.
CSV-Motioun a Froen
An enger Motioun huet d’CSV proposéiert, datt d’Gemeng sollt fir d’Kanner an de Schoulen an an den Crèchen Signalvesten zur Verfügung stellen. A skandinavesche Länner ass dat haut schonns üblech. Besonnesch am Wanter wären d’Kanner esou op der Strooss méi siichtbar. D’Motioun ass net ugeholl ginn, mä als Alternativ sollen demnächst Signal-Armbänner verdeelt ginn. Mir bleiwen hannendrun.
Eis Froen hunn sech ëm den Internet-Site vun der Gemeng, de neien Service Proxybus an d’Aktiounswoch Energielight gedréit.